Reportage RTL Télé
Mënschen a Geschichten
Wäertvollt Liewen,
de Portrait vun der Famill Scheer
2014 war d’Joer vum Ice Bucket Challenge, d’Iddi dovu war fir op eng seele Krankheet, ALS opmierksam ze maachen. Deemools hu vill Leit fir d’éischt vun där Krankheet héieren. ALS steet fir “Amyotroph Lateralskleros” an ass eng Krankheet géint déi et bis haut keng Heelung gëtt. D’Liewensdauer no der Diagnos läit an de meeschte Fäll ëm déi 3 bis 5 Joer. D’Jenny Fischbach huet eng Famill getraff, d’Nathalie, de Jean-Marc an d’Jill Scheer, fir déi d’Krankheet ALS zum Alldag gehéiert a mat där sinn op eng bemierkenswäert Manéier geléiert hunn ze liewen.
Wéi virun iwwer 18 Joer d’Diagnos ALS fir d’Nathalie koum, haten d’Dokteren dem Nathalie net méi vill Zäit gi fir z’iwwerliewen. Den Zoustand vum Nathalie hat sech deemools och séier verschlechtert. Mee weder d’Nathalie, nach hire Mann Jean-Marc wollten d’Krankheet mat der fataler Prognos einfach esou hinhuelen a hunn decidéiert fir zesummen dogéint ze kämpfen. Haut sinn si, zesumme mam Jill, eng Famill, déi probéiert aus all Moment dat Bescht ze maachen an hunn souguer eng Associatioun gegrënnt “Wäertvollt Liewen”, mat där si Betraffenen hëllefen.
D’Nathalie an de Jean-Marc soen dem Jenny Fischbach MERCI fir dësen impressionante Reportage!