Bienvenu sur notre blog. Si vous voulez faire part de votre avis aux autres personnes visitant notre site, laissez nous un message.
Bienvenu sur notre blog. Si vous voulez faire part de votre avis aux autres personnes visitant notre site, laissez nous un message.
Ech ging et flott fannen wann der gingt offiziell mattdeelen wivill Geld un iech gespend gin ass durch den “Ice Bucket Challenge”. ….Och wann d’Idee topich ass fir sech Waasser iwert de Kapp ze geheien, sou mengen ech trotzdem dass di Meenung ongerechtfertigt ass, dass d’Leit daat just aus “fun” machen an den eigentlichen “But” fir ze spenden vergiéssen, …..wir frouh wann daat sech als FALSCH ging erausstellen an “au contraire” ganz vill ging gespend gin! Merci, Josiane 🙂
Moien Josiane,
Villmols merci fir däin Kommentaire. Mir fannen dat eng ganz gud Idi,an hun op eiser Websäit an um Facebook déi lescht Statistiken vun den Spenden, déi mir iwert den Ice Bucket Challenge kritt hun gepost (bis den 04 Sept woren dat 303 Spenden am Wert vun 13.065 €). Natiirlech sin mir als Associatioun frou vun desem Hype profitéieren ze kënnen, an esou Persounen déi vun ALS (an ähnlechen Pathologien) betraff sin hellefen ze kënnen. An desem Fall trefft d’Spréchwuert “den Zweck hellescht d’Mettel” eben zou.
Mat frëndlechen Gréiss
Team Waertvollt Liewen
Salut Claude,
Sorry fir déi spéit Äntwert. Ech wees net wat de Problem genau ass. Mir hun all Kontosnummeren op eisem Site nach eng Kéier gecheckt, an si sin all richteg. Mir schloen Dir duerfir fir et einfach nach eng Kéier ze probéieren.
Mir hoffen, dat et elo klappt mam Don an soen Dir villmols Merci fir deng Ënnerstëtzung
Team Waertvollt Liewen